Coupe 30e anniversaire powered by Losch

Zum Ofschloss vun onse Festivitéiten zum 30. Gebuertsdag, huet de Volleyball Amber-Lënster op 2 spannend Showmatcher zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein invitéiert. E SAMSCHTEG DEN 16. SEPTEMBER 2017  sinn 4 Equippen ugetrueden: 16:00 Auer DAMMEN : CHEV Diekirch vs. VC Mamer an 19:00 Auer HÄREN : VC Strassen vs. VC Fentange.

Bei den Dammen huet de CHEV Diekirch 3-0 gewonnen (25-10; 25-14; 25-19) a bei den Hären huet de VC Fentange 3-0 gewonnen (25-18; 25-22; 25-22).

Desst Event gouf gesponsort vum LOSCH & CIE S.À R.L. !

Vun all Entrée (5€ ) sinn 2,50€ un "Médecins du monde" gangen, hei koum eng gesamt Zomm vun € zesummen!

E grouße Merci un eise Sponsor, un d'Equippen, un all d'Spectateuren adéi de Wee an de Gaston Stein fonnt haten an natierlech un all déi déi gehollef hunn!! 

Organisatiouns Comité 30 Joer VBAL

30 JOER VBAL

2017 Huet den VBAL 30 Joer Bestoen gefeiert!!